Dramatesche Sonndeg de Moie mat villen Doudegen an der Lorraine: Zu Tomblaine bei Nanzeg ass e Fliger erofgefall. De Fliger wier franséische Medien no mat enger Grupp vu Leit ënnerwee gewiescht, fir Fallschierm ze sprangen. De Pilot an 10 Passagéier si beim Accident ëm d'Liewe komm. Dës Informatioun huet de Préfet vum Departement Meurthe-et-Moselle Yves Seguy confirméiert. Dem Bureau d'enquêtes et d'analyses pour la sécurité de l'aviation civile no wier dëst de déidlechsten Fligeraccident a Frankräich, wann een d'Militärtransporter net mat arechent.
Am Crash wiere fënnef Fallschiermsprénger-Enseignanten, fënnef Leit, fir déi et den éischte Sprong sollt ginn, an de Pilot ëm d'Liewe komm. 11 Mënsche sinn deemno am Fligerongléck gestuerwen, um Buedem hätt et keng Affer ginn.
Ënnert den Affer vum Crash wären Infirmiere vun Nanzeg, fir déi d'Fallschiermsprangen eng Première sollt sinn, ass an der franséischer Press ze liesen. Famill a Bekannter wären um Buedem gewiescht, well et sech deels och ëm Kaddoe gehandelt hätt, huet d'Chaynesse Khirouni, d'Presidentin vum Departement Meurthe-et-Moselle, erkläert. Et wär schwéier ze verstoen an et géif wéidoen. Grad dat géif d'Ongléck nach méi dramatesch maachen, hunn och de franséischen Inneminister Laurent Nuñez an dee fir Transport Philippe Tabarot gemengt. Si waren am spéiden Nomëtteg op der Plaz ukomm, fir och den Rettungsequippe Merci ze soen, déi séier op der Plaz gewiescht wären, awer näischt méi fir d'Affer maache konnten.
De klenge Fliger vum Modell Pilatus, deen an Däitschland registréiert war, ass an enger Wiss an der Géigend vun der Landebunn vun Nancy-Essey erofgefall, net wäit vun engem Wunngebitt. Secouristen a psychologesch Support-Gruppen hu sech op der Plaz ënnert anerem och ëm d'Familljemembere vun den Affer gekëmmert, déi net wäit fort um klenge Fluchhafe waren.
50 Pompjeeë waren am Asaz, 25 Ween, 45 Polizisten an zwou SAMU-Equippen, esou d'franséisch Press.
Wat zum Accident kéint gefouert hunn, ass nach net bekannt. Dat gëtt elo an enger Enquête ënnersicht.