
Wien en zweete Wunnsëtz zu New York besëtzt, deen iwwer 5 Milliounen Dollar wäert ass, muss an Zukunft eng sougenannte Pied-à-terre-Tax bezuelen. An dës Steier wäert elo geschwënn a Kraaft trieden, sou de Buergermeeschter vun New York, de Zohran Kwame Mamdani, deen dëst Joer eréischt säin Amt ugetrueden huet.
Wéi et weider heescht, hätte betraffe Proprietären dann och elo e Bréif kritt, an deem si iwwert déi nei Steier informéiert ginn. Wéi et heiranner heescht, soll dës Tax "ganz geschwënn" kommen. "Déi bescht Stad op der Welt verdéngt déi bescht Parken, Bibliothéiken a Schoulen op der Welt. Dat ass nëmmen da méiglech, wa mer all eise gerechte Bäitrag leeschten", sou den New Yorker Buergermeeschter weider.
Déi sougenannte "Pied-à-terre-Steier" ass eng geplangten Tax déi all Joer muss bezuelt ginn. Dës Steiere ginn op deier Zweetwunnengen erhuewen an trëfft virun allem Proprietäre vu Luxus-Immobilien, deenen hire Wunnsëtz enzwousch anescht ass.
D'Geld dat heiriwwer erakënnt gëtt dofir genotzt, ëffentlech Projeten, wéi beispillsweis Verkéier oder Kannerbetreiung ze finanzéieren.