
"Solidaritéit mat eise franséische Frënn an Noperen" schreift de Luc Frieden op der Plattform "X" iwwert de Bild, bei där een e Läschfliger am Asaz gesäit. De Lëtzebuerger Premier erkläert weider, datt de Grand-Duché dës Leit am Kader vum europäesche Mechanismus fir d'Protection civile an den Asaz schéckt.
De franséische President huet e puer Stonnen drop op de Post vum Luc Frieden reagéiert. "Merci Lëtzebuerg" steet kuerz a knapp op der X-Säit vum Emmanuel Macron, deen och nach hannert säi Post de Lëtzebuerger wéi och den EU-Fändel gesat huet.