Presuméierten Täter festgehollMann attackéiert zu Paräis dräi Frae mat Messer

RTL Lëtzebuerg
Eng vun der Fraen soll den Autoritéiten no schwanger gewiescht sinn.
© KENZO TRIBOUILLARD/AFP

Zu Paräis huet e Mann dräi Frae mat zwee Messer ugegraff hunn. Zwee vun den Affer goufe schwéier blesséiert, schwiewen awer net a Liewensgefor, sou den Inneminister Laurent Nuñez. De presuméierten Täter gouf vun engem Polizist festgeholl, deen net am Déngscht war a just zoufälleg op der Plaz vun der Dot war.

De Virfall ass der Police no e Méindeg géint 11:30 Auer bei der Porte de Clichy, am Nordweste vu Paräis geschitt. Déi dräi blesséiert Fraen am Alter vu 19, 24 a 36 Joer goufen op der Plaz versuergt a koumen an d'Spidol. Eng vun de Frae soll dem Buergermeeschter vum Paräisser Bezierk no schwanger gewiescht sinn. Eng Fra gouf um Bauch blesséiert, eng weider Fra dogéint um Réck.

En Aenzeien, eng Fra, déi an engem Restaurant an der Géigend vun der Dot geschafft huet, huet ausgesot, dass e jonke Mann mat enger klenger Wallis agegraff soll hunn. Hien hätt den Täter domadder geschloen an op de Buedem bruecht. E Serveur vun engem weidere Restaurant hätt de Mann mat Hëllef vun engem Stull festgehalen, bis d'Police agegraff hätt.

Bei der Festnam wieren zwee Kichemessere beim Mann fonnt ginn. Dëse soll "Aussoen ouni Zesummenhang" gemaach gehat hunn, heescht et säitens der Police. D'Hannergrënn vun der Attack wieren nach onkloer. D'Identitéit vum presuméierten Täter wier nach onkloer, Pabeieren hat de Mann keng dobäi.

Mann attackéiert zu Paräis dräi Frae mat Messer
Zwee vun den Affer goufe schwéier blesséiert, schwiewen awer net a Liewensgefor, sou den Inneminister Laurent Nuñez.

Back to Top
CIM LOGO