Tëscht Metz a StroossbuergMann stierft, nodeem en Trakter ëmgekippt ass

Raphaël Ferber
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg am Nomëtteg koum et bei Fénétrange a Frankräich zu engem schwéieren Accident, bei deem en Trakter, deen Holz gelueden hat, ëmgekippt ass.
© STRINGER/Imaginechina via AFP / Illustration

Wéi de Républicain Lorrain mellt, ass e Samschdeg e Mann bei engem Accident mat engem Trakter am "Pays de Saarebourg" an der franséischer Regioun Moselle ëm d'Liewe komm.

Géint 12:30 Auer koum et an der Géigend vu Fénétrange zum Accident. Zwee Männer aus Däitschland, e Monni mat sengem Neveu, waren hei mat engem Trakter, deen Holz gelueden hat, ënnerwee. Den Neveu vun 31 Joer souz hannert dem Steier wärend säin 61 Joer ale Monni donieft an der Kabinn souz.

Aus bis ewell nach net gekläerte Grënn ass d'Gefier vum Wee ofkomm an huet sech iwwerschloen. Den Trakter ass um Daach leie bliwwen. Och d'Remork, déi Holz gelueden hat, ass ëmgekippt.

De Chauffer konnt sech liicht blesséiert selwer aus dem Gefier befreien, fir säi Monni a Bäifuerer awer koum all Hëllef ze spéit. D'Rettungsekippen aus der Ëmgéigend ware géint 12:35 Auer schonn op der Plaz. D'Streck war wärend dem Rettungsasaz an den Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart. D'Police huet eng Enquête opgemaach, fir de genauen Oflaf vum Accident z'ermëttelen. Am Raum steet d'Fro, ob den Trakter eventuell en technesche Problem hat.

Back to Top
CIM LOGO