
New York kann den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu no de Wierder vum Buergermeeschter Zohran Mamdani no net festhuelen. Eng rechtlech Préiwung hätt erginn, datt d'US-Küstemetropol keng Erlabnis hätt, den Haftbefeel vum Internationale Strofgeriichtshaff (IStGH) ëmzesetzen, sot de Mamdani an engem Video en Dënschdeg an de sozialen Netzwierker. D'US-Regierung hätt dës Erlabnis dogéint. De Mamdani huet si dowéinst opgefuerdert, den Haftbefeel ze vollstrecken.
De Mamdani hat e Samschdeg gesot, hie wéilt d'Méiglechkeete fir eng Festnam vum Netanjahu bei der UN-Generaldebatt am September zu New York préiwen. Hie wier der Meenung, datt den Netanjahu "op Den Haag gehéiert", sot den New Yorker Buergermeeschter der New York Times. Do huet den IStGH säi Sëtz.
Den US-President Donald Trump huet e Méindeg betount, den Netanjahu géif "wärend sengem Openthalt an de Vereenegte Staate vun Amerika op kee Fall festgeholl ginn". Dem Netanjahu säi Büro hat nom Mamdani senger Menace erkläert, den New Yorker Buergermeeschter wéilt déi "ëffentlech Opmierksamkeet vu sengen eegene Feeltrëtter" oflenken.
Den Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag hat d'Haftbefeeler géint den Netanjahu an de fréieren israeelesche Verdeedegungsminister Yoav Gallant, sou wéi géint eng Rei Leadere vun der islamistescher Palästinserorganisatioun Hamas wéinst presuméierte Verbrieche géint d'Mënschlechkeet a presuméierte Krichsverbriechen am Gaza-Krich erlooss.