
D'Zuel vun den Doudesaffer gouf en Donneschdeg ëmmer nees no uewe revidéiert. Et wiere schonn 28 Doudeger gemellt ginn, huet en Donneschdeg de Regierungsspriecher Minoru Kihara zu Tokio matgedeelt. Kuerz drop huet de japanesche Premier Sanae Takaichi d'Zuel op 30 korrigéiert.
Antëscht ass vun op d'mannst 34 Doudesaffer rieds. Siwen Doudeger wieren aus engem Akafszenter zu Kashima gebuerge ginn, dat deels an de Koup gefall ass. Ausserdeem wieren an enger Pabeierfabrick an der Stad Yatsushiro aacht Mënschen dout gebuerge ginn. Fënnef Leit schwiewen den Autoritéiten no nach a Liewensgefor.
An der besonnesch betraffener Regioun Kumamoto hu Secouriste weider no Iwwerliewende vum Biewe vun en Dënschdeg gesicht. Virun allem an den Iwwerreschter vum Akafszenter zu Kashima gëtt gefaart, datt nach Leit agespaart kéinte sinn. Honnerte Secouriste waren en Donneschdeg op der Plaz am Asaz. "Mir konnte bis elo zéng Mënschen eraushuelen", esou ee Spriecher vum Katastropheschutz zu Kumamoto. "Véier vun hinne waren definitiv dout, een huet keng siichtbar Liewenszeeche gewisen." Déi fënnef aner Mënsche wiere liicht bis schwéier blesséiert gewiescht.
D'Äerdbiewen hat d'Regioun en Dënschdeg am Nomëtteg gerëselt. Wéi et aus Japan heescht, hat d'Biewen eng Stäerkt vu 7,1 op der Richterskala, wärend d'USA d'Stäerkt mat 6,8 uginn hunn. No dem grousse Biewe gouf et nach eng Rei Nobiewen. Japan läit an enger vun de Regioune mat der meeschte Plattentektonik weltwäit. Reegelméisseg ginn et Äerdbiewen op den Inselen. D'Prefektur Kumamoto, déi elo betraff war, gouf schonn 2016 vun zwee schroe Biewe getraff. Deemools sinn 273 Mënsche gestuerwen, méi wéi 2.800 Leit goufe blesséiert.