Am Nordweste vun NigeriaOp d'mannst 52 Leit vun arméiertem Grupp entféiert

AFP, iwwersat vun RTL
Am nigerianesche Bundesstaat Zamfara koum et zu enger Attack op en Duerf an eng Militärbasis, bei där op d'mannst 52 Persounen - dorënner och Kanner - entféiert goufen.
En Zaldot vun der nigerianescher Arméi (Symbolbild)
© AFP

Arméiert Männer wieren an der Nuecht op e Sonndeg op Motorrieder an d'Duerf Kasuwar Daji agedrongen, nodeems se als éischt eng Militärbasis an der géigend attackéiert hunn, esou Residentë géigeniwwer der Noriichtenagence AFP. D'Ugräifer hätte sech deemno mat Gewierer arméiert, e Militärgefier a Brand gesat an duerno Dosende Leit aus dem Duerf matgeholl. Uganks hätt se nach méi wéi 100 Persoune wollten entféieren. hätten dunn eng Rei vun hinnen awer nees goe gelooss a schlussendlech 52 entféiert. D'Ugräifer wiere bei hiren Entféierungen Zeienaussoen no vun Haus zu Haus gaangen. Insgesamt sollen op d'mannst zwou Persoune bei der Attack ëm d'Liewe komm sinn, nämlech en Zaldot an e Polizist.

Fir arméiert Gruppen am Nigeria, notamment dschihadistesch Milizen, sinn Entféierungen eng wichteg Finanzquell, well heiduerch Léisegeld erpresst gëtt. Besonnesch am Nordwesten an am Zentrum vum Land sinn dës Gruppen aktiv.

Back to Top
CIM LOGO