Eenegung a Sträit ëm ëmstriddenen EntschiedegungsfongTodd Blanche hëlt Hürd um Wee an den US-Justizministère

RTL mat AFP
Dem fréieren Trump-Affekot seng Annonce koum kuerz nodeems d'Justizkommissioun vum US-Senat e Vott iwwer seng Nominatioun no hanne verréckelt huet.
Den Todd Blanche no engem Meeting am Kapitol
Den Todd Blanche no engem Meeting am Kapitol
© KEVIN DIETSCH/Getty Images via AFP

Den aktuellen Interims-US-Justizminister a fréieren Affekot vum Donald Trump Todd Blanche hätt, eegenen Aussoen no, eng wichteg Hürd en Vue vun enger eventueller definitiver Nominatioun fir säin aktuelle Poste geholl. Deemno hätt hien eng Eenegung mat den zwee republikanesche Senateuren, déi d'Confirmatioun vu senger Nominatioun bis ewell blockéiert hunn, erziilt.

Dem Blanche seng Annonce koum kuerz nodeems d'Justizkommissioun vum US-Senat e Vott iwwer seng Nominatioun no hanne verréckelt huet. Dat wéinst dem wochelaange Sträit tëscht dem Interims-Justizminister op der enger an de republikanesche Senateuren John Cornyn an Thom Tillis op der anerer Säit. Allebéid hate jo gesot, dass si dem Blanche seng Nominatioun net géife confirméieren, esoulaang dësen net garantéiere géif, dass d'Pläng fir den ëmstriddene "Fong géint d'politesch Instrumentaliséierung vu staatlechen Agencen" zeréckgezu gëtt.

De Blanche huet dann och op X confirméiert, dass de Fong vum Dësch wier. Hien huet och eng entspriechend ënnerschriwwen Uerder gepost.

Déi geplangten Ariichtung vun dësem Fong geet op eng juristesch Ausernanersetzung tëscht dem Donald Trump an der US-Steieradministratioun IRS zeréck. Grond fir de Sträit ass eng onrechtméisseg Verëffentlechung vum Trump senge Steierënnerlagen an de Joren 2019 an 2020. En Independant, deen deemools am Optrag vun der IRS geschafft huet, hat d'Ënnerlagen un US-Medie weiderginn.

Aus dem Fong sollte Persounen entschiedegt ginn, déi Affer vun enger politesch motivéierter Verfollgung duerch d'US-Justiz gi sinn. D'Trump-Säit an d'IRS hate sech dëst Joer an enger aussergeriichtlecher Eenegung op d'Ariichtung vum Fong gëeenegt.

De Fong stoung aus e puer Grënn an der Kritik. Ee Kritikpunkt war, dass en aus engem Verglach, tëscht dem Donald Trump an der IRS staamt. Ma sou wéi de Fong opgestallt war, hätten och aner Leit vun de Suen aus dësem kënne profitéieren. Domat verbonne war d'Angscht, dass dës Sue géife geholl ginn, fir politesch Alliéiert vum Donald Trump ze begënschtegen, dorënner och Leit, déi wéinst den Attacken op de Kapitol vum 6. Januar 2021 de Prozess gemaach kréien.

Eng weider Kritik war, dass den Donald Trump seng Plainte géint d'IRS dëst Joer gemaach huet. Domat huet hien als President géint seng eegen Administratioun geklot. Juristen hunn dowéinst d'Fro gestallt, ob d'US-Regierung iwwerhaapt kéint e Verglach mat hirem eegene President ofschléissen.

Schliisslech gouf och ëmmer nees kritiséiert, dass de Fong aus Steiersue sollt finanzéiert ginn.

Obwuel den Todd Blanche als Justizminister ëmmer nees gesot huet, dass de Fong net géit ëmgesat ginn, hunn d'Senateuren John Cornyn an Thom Tillis op eng schrëftlech Confirmatioun bestanen, dass d'Idee definitiv géif ad acta geluecht ginn. Béid Senateuren hunn och kritiséiert, dass am Verglach festgehale war, dass den Donald Trump a seng Trump Organization an Zukunft Schutz viru Steierpréiwunge sollen hunn.

Back to Top
CIM LOGO