
De Procureur vum Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag, de Karim Khan, ass entlooss ginn. D'Memberlänner hu fir seng Suspendéierung gestëmmt, nodeems hie virun engem Joer säin Amt wéinst Verdacht vu sexuellen Iwwergrëffer op eng Ex-Mataarbechterin op Äis geluecht hat. D'Majoritéit vun de Memberlänner hunn him elo "schwéiert Feelverhalen", esou wéi eng grave Verletzung vu senger Amtsflicht attestéiert.
De Karim Khan war zanter 2021 Chef-Procureur vum Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag. Hien hat ënnert anerem Enn d'lescht Joer en Haftbefeel géint den israeelesche Premier gefuerdert.