Krich an der UkrainRussland kritt lues awer sécher e Sprit-Problem

RTL Lëtzebuerg
De Wladimir Putin hat aus deem Grond och eng Krise-Sëtzung am Kreml aberuff.
© YEKATERINA SHTUKINA/AFP

D'Suitte vun den terroristeschen Attacke säitens der Ukrain op d'Energie-Infrastruktur missten ofgefiedert ginn, zitéiert déi staatlech Norichten-Agence TAS de russesche President. Deen hat e Sonndeg schonns op engem Parteidag Problemer, virun allem mam Diesel, duerchblécke gelooss.

Am Raum steet en Export-Verbuet. Op d'mannst emol fir eng Zäit. Schonn zanter e puer Méint gräift d'Ukrain ëmmer méi dacks russesch Energie-Depote mat Dronen un.

Back to Top
CIM LOGO