
Am Kader vun den uerge Bëschbränn a Frankräich, awer och a Spuenien oder an Italien, siche mir Persounen, déi sech am Moment am Ausland befannen a selwer an iergend enger Form vun de Feiere betraff sinn an en Temoignage wëlle maachen. Sief et an der Regioun ëm Bordeaux, an der Géigend ëm Madrid, an Apulien an Italien oder soss enzwousch, wou mat Feier a Bëschbränn gekämpft gëtt.
Wann dir Iech ugeschwat fillt, respektiv an enge vun deene Regioune sidd, da mellt Iech gäre bei eis iwwert dëse Formulaire an deelt eis Är Erfarungen an Erliefnesser mat! Beäntwert eng Rei Froen a fëllt eise Formulaire aus. Mir mellen eis da bei Iech!