
Den amerikanesche President Donald Trump schéckt de Weekend seng Emissäre Steve Witkoff an Jared Kushner fir eng nei Verhandlungsmissioun op Moskau a Kiew.
De russesche President Wladimir Putin ass e Samschdeg zu Moskau mat den zwee US-Vertrieder fir Gespréicher iwwert een Enn vum Krich beienee komm, deen elo scho véier Joer dauert. "D'Situatioun ass natierlech net einfach", sot de Putin dem Witkoff an dem Kushner an engem Video, deen an der russescher Staatstëlee iwwerdroe gouf.
Virun dëser neier Ronn vu Verhandlungen huet den ukrainesche President Wolodymyr Selensyj russesch Attacken op déi zwee Flughäfen zu Kiew an der Nuecht condamnéiert. Dat wier e Versuch, d'Visitt aus den USA ze stéieren, sot hien. Virum Hannergrond vun den Negociatiounen huet den ukrainesche President Selensyj Russland zu enger Waffepaus opgefuerdert. Et géif déi Zäit keng Loftattacken aus der Ukrain ginn, duerfir sollt Russland och eng Wafferou anhalen, an dat soulaang d'Gespréicher amgaang sinn.
Där Opfuerderung schéngt Russland elo nozekomm ze sinn: Wéinst dem Besuch vun den US-Negociateuren zu Moskau huet de russesche President Putin e Stopp vun de Loftugrëffer annoncéiert. Dräi Deeg laang soll et keng Attacken op déi ukrainesch Haaptstad Kiew ginn. Dat huet de Kremlspriecher Dmitri Peskow der russescher Noriichtenagence Tass matgedeelt. D'Paus géing vun e Sonndeg u fir dräi Deeg gëllen.
Vu russescher Säit war den Termin am Virfeld net confirméiert ginn. En ukrainesche Regierungsvertrieder hat e Freideg awer der AFP confirméiert, datt déi zwee Amerikaner e Sonndeg zu Kiew erwaart ginn. Um Samschdeg de Moien hu russesch Agencen du gemellt, dass d'US-Negociateure Steve Witkoff an Jared Kushner zu Moskau ukomm wieren, fir u Verhandlunge mam Kreml deelzehuelen. E Sonndeg soll et da weider Richtung Kiew goen.