Den Thorsten Frei soll neie Fraktiounschef vun der Union CDU/CSU ginn. Wéi divers däitsch Medie mellen, hu sech dorop de Bundeskanzler Friedrich Merz an de bayresche Ministerpresident Markus Söder e Mëttwoch de Moie gëeenegt. De Frei, dee bis elo Kanzleramtschef war, soll deemno d'Plaz vum Jens Spahn iwwerhuelen, dee virun e puer Deeg wéinst der Affär ëm "Leihmutterschaften" zréckgetruede war.
Den Thorsten Frei soll nach e Mëttwochmëtteg dem Fraktiounsvirstand virgestallt ginn, sou datt en dann d'nächst Woch vun der Fraktioun fir säin neie Poste gewielt ka ginn. Wie fir de Frei elo d'Kanzleramt iwwerhëlt, ass aktuell nach net gewosst.