
D'Autoritéite vun der Milliounestad hunn d'Awunner e Mëttwoch opgeruff, wa méiglech an hire Wunnengen ze bleiwen. Der Schwäizer Entreprise IQAir no, déi d'Loft analyséiert, ass d'Loft an der gréisster kanadescher Stad den Ament nach méi schlecht wéi zu Kinshasa am Kongo oder der Stad Medan an Indonesien.
Am Nordweste vun Ontario ginn et am Moment uerg Bëschbränn. Duerch de Wand gouf den Damp vum Feier en Dënschdeg den Owend Honnerte Kilometer wäit bis an d'Provënzhaaptstad Toronto geblosen. E Mëttwoch de Moie sinn d'Awunner ënnert engem giel-gefierften Himmel opgestanen. De Previsiounen no soll sech d'Situatioun bis e Freideg de Moien net änneren.
"D'Gesondheet vu jidderengem ass a Gefor", heescht et vum Wiederdéngscht. "Limitéiert Är Zäit am Fräien. Sot sportlech Aktivitéiten of." Och aner Evenementer am Fräie sollten iwwerdaacht ginn, heescht et weider. An der méi wäit ëstlech geleeëner Groussstad Montréal an der Provënz Québec waren en Dënschdeg änlech Loftverhältnësser opgetrueden, allerdéngs manner staark.
An de leschten Deeg hu sech d'Bëschbränn uechter Kanada duerch eng Hëtztwell aus den USA verschäert. Rezenten Zuelen no wier et bis ewell awer zu manner Schied komm wéi 2025 oder dem Rekordjoer 2023. Trotzdeem si bis ewell eng 1,9 Milliounen Hektar verbrannt. E Mëttwoch gouf et landeswäit 838 Feieren, vun deenen 189 ausser Kontroll waren.
Ganz eescht sollt d'Situatioun da fir zwee Maschiniste ginn, déi op eemol mat hirem Zuch vun de Flamen ëmzéngelt waren.
"Dat kéint hei op eis iwwergräifen", héiert een ee vun den zwee Männer soen. "Dir musst viru maachen", seet hien iwwer Funk, zu de Maschinisten an engem aneren Zuch, deen hinnen entgéintkënnt, "mir sti matzen an de Flamen".
Um Enn gesäit et awer aus, wéi wann déi zwee nach eng Kéier mam Schreck dovukomm wieren. D’Flame ginn deelweis zeréck an de Mann seet, dass si et wuel wäerte packen.
Canadian National Rail huet confirméiert, datt den Aarbechter trotz den dramatesche Biller näischt geschitt ass. Si wieren a Sécherheet bruecht ginn an d'Operatiounen an der Regioun wiere gestoppt ginn.