Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres ass fir eng offiziell Visitt a Syrien. Et ass déi éischt Visitt vun engem UN-Generalsekretär zanter dem Ufank vum Biergerkrich a Syrien viru gutt 15 Joer.
Syrien ass zanter der Chute vum Assad-Regimm Enn 2024 an enger Transitiounsphas. Wärend senger Visitt vun dräi Deeg gesäit den Antonio Guterres och de syreschen Iwwergangspresident Ahmed al-Scharaa.
Déi leschte Kéier, datt en UN-Generalsekretär a Syrien war, war 2009. Notamment dem Guterres säi Virgänger, de Ban Ki Moon.