Mam Trump zesummegeschafft a kritiséiertUS-Senateur Lindsey Graham no kuerzer Krankheet gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De konservative Politiker Lindsey Graham, deen zanter 1994 am US-Representantenhaus, ass am Alter vun 71 Joer no kuerzer Krankheet gestuerwen.
© JIM WATSON/AFP

Den amerikaneschen Senateur Lindsey Graham ass dout. Den 71 Joer alen Amerikaner ass no kuerzer Krankheet gestuerwen, dat huet säi Büro e Sonndeg de Moien eiser Zäit matgedeelt.

De Lindsey Graham huet enk mam Donald Trump zesummegeschafft, huet den US-President awer och ëmmer rëm schaarf kritiséiert.

De konservative Politiker war zanter 1994 am Representantenhaus an huet zanter 2003 South Carolina am Senat vertrueden.

Back to Top
CIM LOGO