
Souwuel um Festland, wéi och op der Insel Geschim, an der Strooss vun Hormus, déi fir hir Energie-Anlage bekannt ass.
D'Representantenhaus zu Washington huet en Donneschdeg den Owend awer fir déi 2. Kéier bannent engem Mount eng Resolutioun ugeholl, déi de Militär-Asaz am Iran soll limitéieren, an am beschte Fall soll stoppen.
214 Deputéiert waren derfir, dorënner och eng Partie Republikaner. Imminent Konsequenzen huet d'Resolutioun zwar net, den US-President Donald Trump hat eng éischt Resolutioun schonns als "onpatriotesch" bezeechent. Sollt awer och de Senat bis zoustëmmen, kréich dat Ganzt vill méi Gewiicht.