Iran-KrichUSA hu Rakéiten- an Dronelager attackéiert, grad ewéi Radarstatiounen

RTL Lëtzebuerg
D'Eskalatioun tëscht dem Iran an den USA riskéiert déi global Wirtschaft an eng schwéier Kris ze rappen.
This screen grab made on July 22, 2026 from handout video footage released by the US Central Command (CENTCOM) on July 21, 2026 shows US forces launching what the military says are precision strikes targeting Iranian military capabilities for the eleventh consecutive night.
This screen grab made on July 22, 2026 from handout video footage released by the US Central Command (CENTCOM) on July 21, 2026 shows US forces launching what the military says are precision strikes targeting Iranian military capabilities for the eleventh consecutive night.
© US Central Command (CENTCOM)/AFP

12. Nuecht hannerteneen vun US-amerikanesche Loftattacken op Ziler am Iran. Wärend 5 Stonnen hätt ee Rakéiten- an Dronelager, grad ewéi Radarstatiounen ugegraff, huet dat lokaalt Militär-Kommando confirméiert.
Iranesch Attacken op Handelsschëffer an der Strooss vun Hormuz sollen domat evitéiert ginn. Mëttlerweil ass d'Schëfffaart an deem Mierespassage nees quasi um Nullpunkt ukomm.

Den US-President Trump huet e Mëttwoch den Owend iwwerdeems nees kritiséiert, dass Teheran keen Deal wéilt. Se wären nach net prett, mä wäerte ganz geschwënn prett sinn, sot hien, wat als indirekt Menace kann interpretéiert ginn. An effektiv wieren dem Wall Street Journal no, d'Ekippe vu grousse Bomber-Fligeren an héchst Alarmbereetschaft versat ginn.

D'Eskalatioun tëscht dem Iran an den USA riskéiert iwwerdeems déi global Wirtschaft an eng schwéier Kris ze rappen. Déi Warnung kënnt vun der Weltbank, déi fir de weltwäite Wuesstem schwaarz gesäit. Dee kéint op just nach 1,3% falen, gekoppelt un eng Inflatioun déi weider klëmmt.

Back to Top
CIM LOGO