
Déi iranesch Regierung hätt drëms gefrot, fir weider ze verhandelen, huet den Donald Trump e Freideg op Social Media geschriwwen an an engems betount, datt d'Wafferou fäerdeg wier. Dat wier Teheran onmëssverständlech matgedeelt ginn.
Teheran huet antëscht via de Spriecher vum Ausseministère dementéiert, et hätt ee Gespréicher gefrot.
D'USA fuerdere lo, Medieberichter no, en ëffentlecht Bekenntnis vum Iran fir eng fräi a sécher Duerchfaart fir d'Schëff an der Strooss vun Hormus ze garantéieren. Teheran sollt bis e Samschdeg versécheren, datt de Passage opbleift a keng Handelsschëffer ugegraff ginn. Wéi eng Konsequenzen et hätt, wann den Iran dat net mécht, huet Washington bis elo net präziséiert.
Den iraneschen Ausseminister gëtt viraussiichtlech e Samschdeg am Oman erwaart, fir do iwwer de Sträit ëm d'Hormus-Stross ze schwätzen.