
D'Police hat zanter Mëttwoch intensiv no him gesicht. Och déi Lëtzebuerger Police war alertéiert.
De Mann war bei enger Sortie a Begleedung fortgelaf. Et war schonn säin zwieleften Ausgang zanter Februar 2024 an all déi virdrun waren ouni Problemer verlaf.
No Aussoe vun der Police ass keng direkt Gefor vu him ausgaangen. D'Awunner goufen awer opgefuerdert, de Mann net unzeschwätzen, falls si hien géife gesinn.
De Mann sëtzt zanter Februar 2010 am Prisong. Hie gouf 2011 vum Geriicht zu Saarbrécken wéinst Mord zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt. No Medieninformatiounen hat hien zesumme mat engem Kompliz bei engem Abroch eng 77 Joer al Fra ëmbruecht.
Eigentlech hätt hien am November no 15 Joer Haft fräikomme sollen. No däitschem Recht ass eng Flucht aus dem Prisong u sech net strofbar.