
Déi belsch Autoritéite si sech Enn der Woch driwwer eens ginn, fir vum 1. Mee 2027 un eng Vignette fir all d'Gefierer bis 3,5 Tonne fir déi belsch Autobunnen a verschidde Regional-Axen an Héicht vun 90 bis 125 Euro d'Joer anzeféieren.
D'Iddi ass, datt sech besonnesch déi auslännesch Automobilisten esou um Finanzement vum belsche Stroossereseau mat bedeelegen. D'Belsch selwer sollen d'Käschte fir d'Vignettë kompenséiert kréien.
Déi praktesch Ëmsetzung ass awer net evident. Bréissel hat déi däitsch "PKW-Maut" bekanntlech annuléiert.
D'Wallonie rechent domadder, datt d'Vignetten eng 327 Milliounen Euro d'Joer kéinten erabréngen. Dës Regioun géif am meeschten dovunner profitéieren.
D'Flandre kéint mat 130 Millioune rechnen – Suen, déi fir Fléckaarbechte fir de Stroossereseau da solle kënne benotzt ginn.
De System gesäit vir, datt Kameraen a mobil Ekippe via d'Autosplacke solle kontrolléieren, datt jidderee seng Vignette huet. Wie keng Vignette huet, muss mat 70 Euro Strof rechnen. Déi ka bei Recidiven nach méi héich ginn.
Et ass net virgesinn, datt een en Autocollant an d'Fënster muss pechen. Net concernéiert si Motoen, Camionen, Trakteren, Bussen, Rettungsdéngschter a Police- an Arméi-Gefierer.