
D'Lëscht gëtt ëmmer méi laang. E Freideg hu franséisch Medie gemellt, datt de Sänger an Acteur Patrick Bruel mat enger weiderer Plainte wéinst Vergewaltegung konfrontéiert ass. D'Fra hätt hir Klo de 24. Juni scho beim Parquet deposéiert.
Et géif ëm Faiten aus den 2000er Jore goen, wou dat presuméiert Affer nach mannerjäreg war. Virun engem Mount hat de Parquet vun Nanterre formell eng Enquête wéinst Viol a sexuellen Aggressiounen opgemaach an de Sänger zäitweileg an de Garde à vue gesat. Dat nodeems op d'mannst 26 Fraen de Patrick Brul beschëllegt haten, sech un hinne vergaangen ze hunn.