Coronavirus zu Lëtzebuerg2 weider Doudesaffer, vun 272 Tester waren der 29 positiv
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 2 op elo 566 geklommen ass.
Verëffentlecht: 25.01.21 17:38, Update: 25.01.21 17:21
Aktuell sinn 71 Patienten hospitaliséiert, dovunner 14 op der Intensivstatioun.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,04. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
PDF: Rapport journalier