CGDISDräi Blesséierter bei dräi Accidenter um Dënschdeg am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Um 14:46 Auer krute sech an der Fiels Richtung Schrondweiler zwee Autoen ze paken. Derbäi gouf et ee Blesséierten.
© Laurent Weber

Um 14:49 Auer ass zu Nidderkuer an der Lonkecher Strooss ee Motocyclist gefall. Heibäi huet d'Persoun sech verwonnt.

Um 16:11 Auer da war et op der Areler Autobunn Direktioun Stad een Automobilist, deen eng Leitplank ze pake krut. Och hei gouf et e Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO