Manner Bréiwer, dofir däitlech méi PäckCentre de Tri vun der Post gëtt moderniséiert an ausgebaut

Marlène Clement
Julie Thilges
D'Aarbecht vun der Post huet sech iwwer déi lescht Jore staark verännert.
Centre de Tri vun der Post gëtt moderniséiert an ausgebaut
Fir den neien Ufuerderunge gerecht ze ginn, gëtt de Centre de Tri vun der Post zu Beetebuerg moderniséiert an ausgebaut.

Fir den neien Ufuerderunge gerecht ze ginn, gëtt de Centre de Tri vun der Post zu Beetebuerg moderniséiert an ausgebaut. En Dënschdeg de Moie war den éischte symbolesche Spuedestéch fir d’Extensiounsaarbechten an der Aktivitéitszon Wolser.

Centre de Tri vun der Post gëtt moderniséiert / Reportage Marlène Clement

Dausende Päck kommen all Dag am Centre de Tri vun der Post un. An déi ginn, wéi den Numm et seet, hei sortéiert. Zu engem groussen Deel mat Hëllef vu Maschinnen, deels och nach manuell. Elo gëtt Plaz gemaach, fir eng nei Sortéier-Maschinn fir d’Päck.

Déi nei Maschinn soll der Post hëllefen, déi nächst 15 Joer den E-Commerce mat ze begleeden, erkläert de Mario Treinen, Direkter vu Post Courrier. 13.000 Päck pro Stonn kënne mat der neier Zortéier-Maschinn traitéiert ginn. Dofir huet d’Post ronn 20 Milliounen Euro an de Grapp geholl. Enn d'nächst Joer soll déi nei Maschinn a Betrib goen. Pénktlech fir d’Héichsaison ëm Chrëschtdag.

Et feelt awer och u Plaz am Zenter. Dofir gëtt och ausgebaut. Konkreet kënnt eng nei Logistikhal dobäi vu ronn 20.000 m2. D’Käschte fir déi nei Hal belafe sech op 60 Milliounen Euro. Déi Aarbechte sollen Enn 2028 ofgeschloss sinn.

Wärend den Ëmbau- an Ausbauaarbechte muss den daily business awer weider lafen. Dat géing vill Ännerunge fir d’Mataarbechter am Centre de tri mat sech bréngen, gëtt de Mario Treinen zou, deen awer verséchert, datt déi Concernéiert den néidegen Encadrement a Formatioune kréien. Och fir mat den neie Maschinnen an Technologien ëmzegoen.

Eng Verännerung, déi dem DP-Wirtschaftsminister Lex Delles no net nëmme wichteg, ma noutwenneg ass. Den Online-Handel wier eng Realitéit, op déi jiddweree sech misst astellen. D'Post géing immens héich Investissementer maachen, fir och an Zukunft op engem Marché, deen immens “concurrentiel” ass, kënnen ze bestoen, an déi Aktivitéit an déi Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg kënnen ze garantéieren.

Zejoert huet d'Post ronn zéng Millioune Päck an 90 Millioune Bréiwer traitéiert. 2012 waren et nach eng 160 Millioune Bréiwer.

D'Schreiwes vun der Post zu der Modernisatioun vum Centre de Tri

Back to Top
CIM LOGO