Aus dem BulletinKabel geklaut zu Draufelt, Permisen agezunn zu Réiden an zu Rolleng

RTL Lëtzebuerg
Zu Draufelt an der Welzerstrooss sollen zwou Persoune Kabele mat engem Cutter vun der Isolatioun ofgetrennt hunn.
Grouss Policekontroll am Kader vun der Verkéierssécherheetscampagne "Gutt gesinn" den 20. Januar 2026 vu 7 bis 9 Auer op der N31 zu Péiteng.
Grouss Policekontroll am Kader vun der Verkéierssécherheetscampagne "Gutt gesinn" den 20. Januar 2026 vu 7 bis 9 Auer op der N31 zu Péiteng.
© Police

Déi zwee goufe vun Zeien erëmerkannt an der Police gemellt. Bei der Sich an der Géigend goufen dräi Rucksäck an eng Tut fonnt mat Geschier an dem Portmonni vun engem vun de Verdächtegen.

Zwee Fuerverbueter wéinst Alkohol um Steier

Um Méindeg huet e Chauffer um CR 174 a Richtung Réiden an enger Kéier d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass an e Bam gerannt. Den Alkoholtest war positiv. Doropshi gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.

An der Nuecht op en Dënschdeg ass der Police zu Rolleng e Gefier opgefall, dat ze séier an a Schlaangelinne gefuer ass. Och hei war den Alkoholtest vum Chauffer positiv an och hei war de Permis fort.

Back to Top
CIM LOGO