Parlamentaresch Fro50 Fäll vu Rebellioun bei Police-Asätz
Et si Chifferen, déi ze bedenke ginn. Zejoert gouf et bal 50 Fäll vu Rebellioun, bei deenen 20 Polizisten hu missen an ee Krankeschäin.
Verëffentlecht: 19.07.21 15:03, Update: 12.12.25 09:35
2019 waren et 76 Fäll mat 43 Krankeschäiner. Dat geet aus der Äntwert vum Ressort-Minister Henri Kox op eng parlamentaresch Fro ervir. Do gëtt een och gewuer, dass den Asaz vu Body-Cams nach net vum Dësch ass.