Invité vun der Redaktioun (11. September) - Denis Scuto9/11: Krich géint Terror huet zu "globaler Onrechtsuerdnung gefouert"

Annick Goerens
E Freideg de Moie waren d'Attentater vum 11. September 2001 Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Radio - Invité vun der Redaktioun
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Den 11. September 2001 huet d'Perceptioun vun der westlecher Welt nohalteg verännert. Dat seet de Professer am Zentrum fir Lëtzebuerger Zäitgeschicht vun der Uni Lëtzebuerg. Den Denis Scuto erkläert, dass an den 1990er Joren, nom Mauerfall, vill Mënschen an Europa an an den USA e Gefill vu Sécherheet an Optimismus haten. Mat den Attentater op de World Trade Center zu New York an de Pentagon zu Washington wier däitlech ginn, dass och Europa an d'USA net virun terroristeschen Attacke verschount bleiwen. Gläichzäiteg hätt 9/11 d'Fragilitéit vun den Demokratien an hire Fräiheeten däitlech gemaach. Dass de Schock vun 9/11 esou grouss war, erkläert den Historiker och mat dem Optimismus, deen nom Enn vum Kale Krich an duerch de wirtschaftlechen Opschwong vun den 1990er Jore entstanen ass.

D'Geschicht vum 20. Joerhonnert ass och no 9/11 weidergaangen

Fir den Denis Scuto war d'Joer 1989, mam Fall vun der Berliner Mauer an dem Enn vun der bipolarer Weltuerdnung, eng nach méi grouss historesch Zäsur wéi 2001. D'Leit hätten d'Hoffnung op eng méi stabil Welt gehat, mee déi hätt sech net erfëllt. Amplaz koumen nei Konflikter: Biergerkricher, Kricher tëscht Staaten an net-staatlechen Acteure wéi Al-Qaida an eng méi onkontrolléiert international Instabilitéit. Den Ënnerscheed wier awer, dass am 20. Joerhonnert, déi Kricher net méi gewonne ginn: "Si gewanne vläicht Schluechten. Mir hunn dat gesinn am Vietnam, wou d'Amerikaner dat net fäerdeg bruecht hunn oder am Irak-Krich. Oder wat mer elo erliewen, de Krich vum Trump géint den Iran."

"War on Terror" als Wendepunkt

D'Militäroperatioun géint Afghanistan direkt nom 11. September hält den Historiker nach fir deelweis novollzéibar, well de Regime Terroristen d'Méiglechkeet ginn huet, sech do ze verstoppen. Mee duerno wier relativ kloer ginn, dass "duerno aner Kricher komm sinn, déi guer keng Rechtfäerdegung haten oder Ligen." Notamment d'Beispill vun de Ligen iwwer Massevernichtungswaffen, déi de Saddam Hussein soll gehat hunn. Hie kritiséiert virun allem, dass de Kampf géint den Terrorismus ze staark op militäresch Mëttel gesat huet. Et hätt donieft diplomatesch, politesch a wirtschaftlech Léisunge gebraucht.

"Haut si mer an enger globaler Onrechtsuerdnung"

Eng vun de schlëmmste Konsequenze vum "War on Terror" ass d'Entwécklung hin zu enger "globaler Onrechtsuerdnung". Dat heescht, mir hu vun Ufank u praktesch massiv Rechtsverstéiss gehat. Mir hunn als Westen, dee sech op Mënscherechter, op Grondrechter berifft, hu mer Folter agefouert". Den Denis Scuto nennt ënner anerem Folter a Guantanamo, mee och a geheime Prisongen a Polen an a Jordanien. "Stroffräiheet fir all déi Akten. Illegal a mënscherechtswiddreg Akten, déi gemaach gi sinn an deene Géigenden. Do hu mer Stroffräiheet agefouert. An dat ass exponentiell an d'Luucht gaangen, bis dann den Héichpunkt 2025 mam Trump."

Wéi eng Léieren zéie mir aus 9/11?

Aus der Geschicht misst ee virun allem léieren, dass Gesellschaften net duerch d'Verletze vu Rechter a Grondrechter méi sécher oder méi liewenswäert ginn. Och net duerch d'Schafe vu Feindbiller a Sënnebéck.

"Wat d'Gesellschaft besser mécht, ass de Progrès vun Institutiounen. Am 19. Joerhonnert sinn individuell Rechter agefouert ginn. Am 20. Joerhonnert Sozialrechter a Rechter fir Minoritéiten an am 21. Joerhonnert muss einfach d'internationaalt Recht gestäerkt ginn, muss dës Äerd respektéiert ginn, muss Klimaschutz kommen. Dat heescht, de Géigendeel vun deem, wat eigentlech 9/11 bruecht huet", sou den Denis Scuto. D'USA wieren och ëmmer een Alliéierte gewiescht, haut wier dat de Géigendeel. "D'USA ënnert dem Trump huet der Äerd de Krich erkläert. Dat ass d'Realitéit."

Invité vun der Redaktioun: Denis Scuto

Liest dozou och hei:

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO