
D'Plattform fir Demokratie gouf jo vun de Jonke vun CSV, LSAP, DP an déi Gréng dës Woch an d'Liewe geruff. Fir d'ADRenalin wier déi Asbl eng Reaktioun op d'Walresultat a Sachsen-Anhalt, wat deene Parteien nun emol net géing gefalen. Och wier der ADR fälschlecherweis ënnerstallt ginn, et wier een net fir eng Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra. Et misst een eng richteg Demokratie promouvéieren, dofir géif d'ADRenalin sech deemnächst fir eng direkt demokratesch Plattform asetzen, bei där all Mënsch wëllkomm wier.