Invité vun der Redaktioun (17. August)Ali Ruckert, President vun der KPL

Marc Hoscheid
En Méindeg de Moien ass ënnert anerem dem Ali Ruckert säi Récktrëtt als President vun der KPL Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

27 Joer laang stoung hien un der Spëtzt vu senger Partei, ma dësen Hierscht zitt den Ali Ruckert sech vum Presidenteposte bei der KPL zeréck. Als Invité vun der Redaktioun froe mir hien, firwat dee Schrëtt elo kënnt a wéi säi perséinleche Bilan ausfält.

Weider Sujete sinn de Sozialdialog hei am Land an déi ugespaanten international Situatioun. Den Invité vun der Redaktioun héiert Der wéi ëmmer direkt nom Noriichteniwwerbléck vun 8 Auer.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO