
Mat engem Metalldetekter schaffen oder Metallfëschen ass just erlaabt, wann een eng Formatioun gemaach huet an eng Autorisatioun vum Kulturministère huet. Dee Rappell mécht den Institut fir archeologesch Recherche, kuerz INRA. Wien erwëscht gëtt, muss mat zolitte Strofe rechnen.
Zu Waasser oder am Buedem gëtt et sou munches ze entdecken. Metall-Detektorismus gëtt et zënter de 70er Joren. De private Gebrauch vun den entspriechende Geräter ass awer reglementéiert.
"Wat och opkomm ass, ass ganz vill ebe Schatzsuche, also wierklech Leit, déi spezifesch no Saache sichen, just fir se ze behalen, fir eng Kollektioun opzebauen"
Dat geet awer net mol einfach sou, heescht et weider vum Direkter vum INRA David Weis. D'Reglementéierung gëtt et wéinst der Gefor, déi zum Beispill vu Krichsmaterial ausgeet, awer och wéinst der Gefor vum Klauen a vun negative Konsequenze fir d'Dokumentéierung vum Patrimoine. Et gëtt Leit, déi genee wëssen, wat se maachen an et gëtt där anerer, sou den David Weis.
"Et gi Leit, déi tatsächlech net Bescheed wëssen. Dir hutt ganz vill Touristen. Ech muss dat och soen, grad Touristen aus Holland, well dat dohannen op de Stränn en Hobby ass, dee relativ vill praktizéiert gëtt. Dat ass eng Touristegrupp, déi och hei am Land relativ aktiv ass."
Op Basis vun enger Konventioun vum Europarot gouf am Joer 2022 zu Lëtzebuerg d‘Autorisatiounsprozedur via Gesetz gereegelt, manner strikt ewéi an aner Länner, seet den David Weis. A Frankräich zum Beispill wier de Gebrauch quasi ganz verbueden.
Hei am Land gëllt: Privatleit brauchen iwwerall an egal a wéi engem Kontext eng Autorisatioun an iert déi iwwerhaapt kann ugefrot ginn, muss eng Formatioun gemaach ginn.
"D'Formatioun ass gratis. Mir maachen déi all November iwwer zwee Nomëtteger, iwwer zwee Freideg Nomëtteger. Et ass eng Formatioun, wou d'Leit nach eng Kéier iwwert d'Gesetzeslag informéiert ginn. Se ginn informéiert vun der Lëtzebuerger Arméi iwwert d'Gefore virun allem a verschiddenen Deeler vum Land, wat d'Munitioun ugeet, déi aus dem Zweete Weltkrich eben nach am Buedem ka leien. Dir hutt awer och eng Formatioun zu den éischte Schrëtter, wann der archeologesch Objete fannt, de grousse Perioden a wéi Der dat musst inventariséieren, wéi der dat musst bei eis erareechen."
Pro Joer maachen an der Reegel 30 bis 40 Leit déi Formatioun, awer just en Drëttel vun hinne freet an der Suite och eng Geneemegung, fir kënne mat engem Metalldetekter ze schaffen.
"Entweeder well vill Leit duerno de Metalldetekter guer net benotzen, well se op eemol mierken, et ass awer näischt fir mech, oder si benotzen en awer illegal. Ech mengen, datt d'Leit och illegal ginn, dees si mer eis bewosst. Et huet zwar ofgeholl an deene leschte Joren, statistesch".
Illegal mam Metalldetekter ënnerwee sinn, dat kann allerdéngs deier ginn.
"Ech mengen. dat geet vu 500 Euro bis zu enger 1.000.000 Euro, dat hänkt ganz dovunner of, wéi den Tatbestand ass."
Wann den INRA e Fall gemellt kritt, gëtt den Dossier weider un d‘Police gereecht.
Onglécklech fënnt den David Weis et iwwregens, datt och Metalldetektere fir Kanner verkaaft ginn. Mannerjäreger dierften nämlech keng Formatioun maachen, keng Autorisatioun ufroen an domat also och kee Gerät benotzen.