MäertertZwou Persoune festgeholl, déi mat geklaute Kreditkaarte Suen ophiewe wollten

RTL Lëtzebuerg
Zu Mäertert wollten e Sonndeg zwou Persoune Sue mat geklaute Kreditkaarten ophiewen.
© Laurent Weber

E Sonndeg géint 16:30 Auer goufen der Police zwou Persoune gemellt, déi zu Mäertert direkt e puer Mol probéiert hätten, Suen op engem Bankomat op der Route de Wasserbillig opzehiewen. Béid Verdächteger konnte kuerz drop vun enger Policepatrull fonnt ginn. Wéi sech bei der Kontroll erausstelle sollt, haten déi Zwee am Ganze véier friem Kreditkaarte bei sech, déi am viraus als geklaut gemellt gi waren.

Mat de geklaute Kaarte ware schonn eng Rei Akeef gemaach ginn. Bei de Verdächtege goufen donieft nach weider geklaut Géigestänn séchergestallt. Si goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.

Eng weider Persoun gouf dann nach e Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer festgeholl, déi der Police an der Avenue de la Gare an der Stad opgefall war a géint déi e "Vorführbefehl" bestanen huet. E Méindeg gouf si virun den zoustännegen Untersuchungsriichter bruecht.

Back to Top
CIM LOGO