
E Samschdeg gouf der Police géint 13:30 Auer en Abroch an en Eefamilljenhaus zu Esch gemellt. Eng Patrull vun der Police huet sech op d'Plaz gemaach a konnt e Verdächtegen bannen am Haus stellen. E presuméierte Mattäter gouf e wéineg méi spéit op enger Bushaltestell gestoppt. Bei der Kontroll konnten dunn och effektiv geklauten Objete séchergestallt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf d'Persoun, déi am Haus gestallt gouf, festgeholl a krut e Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
E Sonndeg de Moie géint 8 Auer krut eng Fra op engem Tramsarrêt op der "Place de Paris" bei der Stater Gare eng Kette vum Hals gerappt, wéi dës aus dem Tram erausgeklommen ass. Den Täter soll dono mat der geklauter Kette fortgelaf sinn. Duerch d'Dot ass d'Fra op de Buedem gefall an huet sech am Gesiicht blesséiert. Si gouf medezinesch versuergt a koum dono fir eng weider Behandlung an d'Spidol. Ermëttlungen an dësem Fall goufen ageleet.
Um kuerz viru 5 Auer e Sonndeg de Moien ass der Police an der Géigend vum Boulevard Royal an der Stad en Auto opgefall, bei deem déi véier Winkeren u waren. Éischten Ermëttlungen no gouf eng Säitefënster beim Won ageschloen. Et goufen och Bluttspueren um Gefier festgestallt. Kuerz drop hunn d'Beamten e Mann mat bluddegen Hänn an der Avenue Amélie ugetraff. Wéi d'Persoun, déi alkoholiséiert war, kontrolléiert sollt ginn, huet dës versicht, sech deem ze entzéien an huet sech och staark gewiert, wéi d'Handschelle sollten ugedoen ginn. Ermëttlungen an dëser Affär goufen dann och ageleet.