De Rendez-vous fir de Summerinterview ass net zoufälleg gewielt. D'Stéphanie Empain huet sech de Skulpturewee iwwert dem Stauséi erausgesicht. Eng Plaz, déi si als hir perséinlech "Vakanz doheem" beschreift.
"Zäit um Stauséi ass wierklech Vakanz", seet si a schwäermt vum Paddelen, Vëlofueren a Wanderen an der Géigend.
Och dëse Summer huet si hire Congé mat enger Paddeltour um Stauséi ugefaangen, ier et mat der Famill fir en Tour mam Vëlo op d'Atlantikküst a Frankräich an duerno op Kopenhagen op den Ironman gaangen ass.
Wie sech beim Stéphanie Empain eng roueg Plagevakanz mat engem Buch erwaart, läit falsch. "Ech muss wibbelen", seet si a laacht. Fir déi gréng Politikerin ass Vakanz virun allem déi Zäit, an där si endlech Zäit fënnt, sech ze beweegen – e Luxus, deen am Alldag mat zwee Kanner dacks ze kuerz kënnt.
D’Stéphanie Empain gehéiert net zu de Politiker, déi hiert ganzt Beruffsliewen op enger Schinn verbruecht hunn. Si huet hiert Beruffsliewe bei der Arméi als Coordinatrice ugefaangen, huet den ORT-Tourismusbüro am Éislek mat opgebaut, war Deputéiert an huet nom Enn vun hirer Zäit an der Chamber (2023) nach eng Formatioun gemaach, fir Enseignante an der Grondschoul ze ginn.
"Ech si warscheinlech net de Mënsch, deen zéng oder fofzéng Joer déi selwecht Aarbecht ka maachen", erkläert si. Si géif reegelméisseg nei Impulser brauchen an ëmmer nees eppes Neies léiere wëllen.
Datt si haut als Enseignante schafft, war iwwregens eng Wett mat sech selwer. Wéi d'Chamber nach de Gesetzestext fir déi nei pedagogesch Ausbildung gestëmmt hat, hat si sech virgeholl, datt wa si net nees gewielt géif ginn, da géif si déi Formatioun maachen. A genee esou ass et komm.

Politesch gëtt d'Stéphanie Empain och selbstkritesch. Op d'Fro, ob déi lénks-orientéiert Parteien an déi Gréng an Europa et verpasst hätten, déi sozial Ongläichheeten ze reduzéieren, gëtt si zou, datt et eng vun de gréissten Erausfuerderunge bleift.
"Ech mengen, dass mer et op d'mannst versicht hunn, zu Lëtzebuerg e Maximum hinzekréien a grad alles, wat Energietransitioun a Klimatransitioun ass, sozial gerecht ze staffelen. Well dat déi gréissten Erausfuerderung vun eiser Zäit ass. Et ass awer eng Tatsaach, dass et eis insgesamt, och an Europa, net wierklech gelongen ass, déi sozial Schéier méi kleng ze kréien."
Fir si ass de Frust, deen doduerch bei ville Leit entstanen ass, eng Erklärung fir de Succès vun extreem rietse Parteien. Awer eng Rechtfäerdegung ass et net.
"Aus Frust rietsextreem Parteien ze wielen, ass net d'Léisung", betount si. Vill Positiounen, déi fréier net akzeptabel gewiescht wieren, géife mëttlerweil erëm salonsfäeg ginn. Dat géif hir Suerge maachen.
Besonnesch a Richtung Däitschland kuckt d’Stéphanie Empain onroueg. D'Entwécklung a Sachsen-Anhalt, wou d'AfD virun de Wale vum 6. September bei Ëmfroe staark ass, géif hir "extreem Suerge" maachen.
Si erzielt vu Frënn an Däitschland, déi sech wierklech d'Fro stellen, wéi si ënner enger rietsextreemer Regierung an hirem Bundesland géife liewen. "Déi Leit denken driwwer no, aus hirer Heemecht ze flüchten", seet si.
D'Energietransitioun bleift fir déi gréng Parteispriecherin den zentrale politesche Projet. Dobäi geet et fir si net nëmmen ëm Klima, mee och ëm Onofhängegkeet.
"Mir sinn als Gesellschaft vill ze vill ofhängeg vu fossillen Energien an domadder och vun Diktaturen", seet si am Kontext vun der Kris ronderëm d'Strooss vun Hormus.
Gläichzäiteg verbënnt si dat mat der sozialer Fro. Méi erneierbar Energie kéint hëllefen, de Wuerekuerf – an domat den Index – manner staark vun de Präisser fir fossil Energie ofhängeg ze maachen.
Wann d’Parteipresidentin vun déi Gréng nëmmen eng eenzeg Mesure fir de Logementsproblem kéint duerchsetzen, da wier d'Äntwert kloer: méi ëffentleche Wunnraum. "Déi Mënschen, déi Wunnraum brauchen, mussen déi éischt Nutzniisser vun all Logementspolitik sinn", seet si.
Zum Schluss gëtt d'Gespréich nach eng Kéier méi perséinlech. Politesch Virbiller hat d'Stéphanie Empain ni wierklech. Wa si awer iwwer d'Grenze vu Lëtzebuerg erauskuckt, da kënnt ëmmer nees een Numm op.
"De Barack Obama straalt eppes aus a gëtt engem Vertrauen an d'Politik", seet si – a füügt direkt dobäi, datt si eigentlech nach méi gären dem Michelle Obama nolauschtert.
A wat steet nach op hirer perséinlecher To-do-Lëscht? Gittar léieren, ass schonn decidéiert. Donieft géif si gäre richteg Zeechne léieren – an eng nei Sprooch. Hir Prioritéit? Ukrainesch. "Fir mech besser kënnen ze verstännegen."