Digital InclusionComputere fir Integratioun
4 Joer scho sammelt d'a.s.b.l. Digital Inclusion al Computeren, mécht si wéi nei a verdeelt se un arem Leit, Flüchtlingen a Lëtzebuerger.
Verëffentlecht: 25.02.20 20:00, Update: 10.12.25 14:40
Leschte Mount goufen esou 2.000 Computeren, déi soss am Recycling Center gelant wären, u Leit verdeelt, déi se kënne gebrauchen.
16 Leit schaffe mëttlerweil bei Digital Inclusion, dorënner d’Hallschent Flüchtlingen.