Mandat bis 2023De Luc Frieden gouf zum President vun "Eurochambres" gewielt
Dat deelt den Daachverband vun den europäeschen Industrie- an Handelskummere mat.
Verëffentlecht: 15.10.21 14:57, Update: 10.12.25 14:02
De Verband representéiert 1.700 regional a lokal Kummeren an 20 Millioune Betriber.
De fréieren CSV-Minister an aktuelle President vun der Lëtzebuerger Chambre de Commerce iwwerhëlt d'Mandat fir den éischte Januar 2022 a bleift 2 Joer op deem Posten.
Link: Luc Frieden elected as next President of EUROCHAMBRES