Nach keen Datum fir Suivi vun TripartiteD'Gasversuergung ass ofgeséchert a Rechnunge ginn nach net méi deier

François Aulner
De Wirtschafts- an Energiminister an den Energie-Grupp Encevo berouegen: Obwuel an der EU d'Gasspäicher manner gefëllt si wéi d’lescht Joer, wier net mat Enkpäss ze rechnen. An och wann d’Präisser fir de Gas op den internationale Finanzmäert geklomme sinn, wäerten d'Gasrechnungen net méi héich ginn. Op jidder Fall dëst Joer an op d'mannst bei Encevo.
© AFP Archiv

Op de Finanzmäert ass den europäesche Gas op 72 Euro d'Megawatt/Stonn geklommen. Gewéinlech schwankt en tëscht 30 a 50 Euro. De gréissten Energie-Grupp am Land hätt genuch Gas fir dëst Joer akaaft, esou den Direkter vun Encevo Claude Seywert. D'nächst Joer wäerten d'Rechnungen awer "liicht" méi deier ginn, woubäi hie betount huet, datt esouguer dann, d'Rechnungen nach wäerte méi bëlleg sinn ewéi an den 3 Joer nom Ufank vum russeschen Ugrëff op d'Ukrain.

Déi aktuell Hausse vun de Präisser, déi wier op den US-israeeleschen Ugrëff op den Iran Enn Februar zeréckzeféieren, woubäi de russeschen Ugrëff op d'Ukrain zum Wiessel vum Approvisionnement duerch Pipelines op Tankschëffer mat flëssegem Gas gefouert huet. Doduerch hat d'Quasi-Fermeture vun der Mieresstrooss vun Hormus dee méi staarken Impakt, well "e Schëff um Mier kann halt fueren (...) wou et wëll", esou de Claude Seywert.

Dat alles erkläert och, firwat d'europäesch Gasspäicher Enn August just zu 65% gefëllt waren, iwwerdeems een d'lescht Joer am Oktober mat 83% an de Wanter gaange war. Europäesch Zouliwwerer wollten zanter dem Fréijoer manner deiere Gas kafen. Den Direkter vun Encevo, mee och de Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles rassuréieren awer: et gi keng Enkpäss. Lëtzebuerg muss ewéi eng Rei aner méi kleng EU-Länner just 15% vu sengem Joresverbrauch u Gas späicheren an dat wier zu 90% de Fall. De Claude Seywert huet just ze bedenke ginn, datt d'EU mat manner an de Gasspäicher natierlech och manner Flexibilitéit hätt a wann de Gasverbrauch klamme géing, een dann méi deiere Gas misst kafen.

Wat d'Stroumpräisser ugeet, ass de Claude Seyert iwwregens bei sengen Aussoe vun Enn Mee bliwwen. Déi wäerten dëst Joer och net klammen, well ee fir 2026 schonn alles akaaft hätt a fir d'nächst Joer scho ganz vill.

Nach keng Decisioun iwwert d'Tripartite-Mesurë fir 2027

Wann d'Gasrechnungen nach net wesentlech oder iwwerhaapt méi deier gi sinn, esou kascht de Sprit nees e gutt Stéck méi deier op der Pompel. Fir de Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles géing dat weisen, datt d'Subventioune fir Sprit, Gas a Stroum, déi op der Tripartite den 8. Juni décidéiert goufen, déi richteg Mesurë gewiescht wieren, fir d'Inflatioun ze bremsen an d'Kafkraaft vun de Leit ze schützen.

Am selwechten Otemzuch seet de Lex Delles awer, datt de Staat nëmme "limitéiert" op d'Präisentwécklunge kéint reagéieren an dowéinst missten d'Dekarboniséierung oder Elektrifizéierung konsequent virugedriwwe ginn. Hien huet an deem Zesummenhang op d'Reform-Projete vun de staatleche finanziellen Hëllefe fir d'Energietransitioun (Photovoltaik, Wäermepompelen, Elektrogefier) vu sengem Regierungskolleeg, den Ëmweltminister Serge Wilmes higewisen. Den Direkter vun Encevo seet ganz einfach: "Energieeffizienz ass ëmmer gutt. Fir de Portmonni a fir de Klima."

Den Direkter vun Encevo, de Claude Seyert

Enn vum Joer lafen d'Tripartite-Mesurë fir d'Präishaussen ofzefiederen of, mee de Wirtschafts- an Energieminister wollte sech "net trauen, an d'Glaskugel ze kucken". D'Situatioun wier "immens volatil" - an anere Wierder: se kann all Moment änneren. Hie sot, et kéint ee ganz schwéier Previsioune fir d'nächst Joer maachen. Effektiv sinn am November Mid-term-Walen an den USA a wéi den El-Niño-Klima-Phenomen sech wäert dëse Wanter hei an Europa néierschloen, wäert een réischt definitiv wëssen, wann et esouwäit ass.

Am Tripartite-Accord vum 8. Juni war fir spéitstens am Oktober eng Reunioun tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschafte virgesinn, fir de Suivi ze maachen. E geneeën Datum wier elo nach net bekannt.

Back to Top
CIM LOGO