Well déi Wëlzer Gemeng keen alternative Site ugebueden huet?D'Jugendpsychiatrie soll zu engem gudden Deel op Wëntger plënneren

Marc Hoscheid
De Projet hat réischt am Mäerz seng Dieren zu Wolz opgemaach, allerdéngs an engem Gebai, dat net PMR-konform ass.
D'Jugendpsychiatrie soll zu engem gudden Deel op Wëntger plënneren.
© Domingos Oliveira

Obwuel eng Antenn vun der Jugendpsychiatrie eréischt am Mäerz hir Dieren zu Wolz opgemaach huet, gëtt elo schonn doriwwer geschwat, ob de Service op Wëntger plënnert. Dat well d'Gebai zu Wolz net fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit ekipéiert ass. Et kann een zwar nach ronn fënnef Joer an den aktuelle Raimlechkeete bleiwen, mee beim Centre Hospitalier du Nord sicht ee well no enger Alternativ an där schéngt, op d'mannst aktuell, zu Wolz keng en Vue ze sinn.

Jugendpsychiatrie zu Wolz - Reportage Marc Hoscheid

Zanter Mäerz ass een Hôpital du jour vun der Jugendpsychiatrie zu Wolz am fréiere Paschtoueschhaus an der Rue Grande-Duchesse Charlotte ënnerbruecht. Et war vun Ufank u kloer, datt een no e puer Joer nees erausplënnere misst, mee de Service sollt sou séier wéi méiglech ulafen, well en am Norden dréngend gebraucht géing ginn, heescht et vum CHdN. Dat géing een och dorunner gesinn, datt 8 bis 10 vun den am ganze 15 Plazen ëmmer besat wieren. An Zukunft soll d'Offer nach ausgebaut ginn, et stellt sech awer d'Fro, ob dat zu Wolz wäert sinn.

An engem Facebook-Post vum 19. August geet nämlech vun engem neie Projet zu Wëntger rieds. De Wëntger Buergermeeschter Lucien Meyers confirméiert op RTL-Nofro hin, datt d'Jugendpsychiatrie Servicer an engem neie Centre médical ubidde soll, deen Ufank 2029 seng Dieren direkt nieft deem Centre médical opmaache wäert, dee scho besteet.

De Coordinateur médical général vum CHdN, den Dr. Laurent Kintzelé, weist sech zwar nach e bëssi méi zeréckhalend, mee et schéngt awer kloer ze sinn, datt zu Wëntger esou ee Service entstoe wäert. Dat géing awer net heeschen, datt ee Wolz verléisst:"Wat mir kënne soen, dat ass, datt mir wierklech frou sinn, datt déi Offer lo en place ass. Mir kënnen eis, wann dat gutt ugeholl gëtt, gutt virstellen, dat am Norden nach ze verstäerken an do wäert de Standuert Wolz sécherlech weiderhin een zentrale Pilier bleiwen."

Hannert de Kulissen ass allerdéngs ze héieren, datt éischter ee klenge Service de Base zu Wolz bleiwe wäert.

© Domingos Oliveira

Bleift d'Fro, op wéi enger Plaz. Huet déi Wëlzer Gemeng dem CHdN alternativ Sitte proposéiert? Dat wollte mer de Buergermeeschter Patrick Comes froen, deen awer refuséiert huet, mat eis ze schwätzen. An och am Gemengerot e Freideg war hien net vill méi gespréicheg, hei seng Äntwert op Froen zu deem Thema vun der Spriecherin vun der CSV-Fraktioun am Wëlzer Gemengerot Carole Weigel:

"Et ass net un engem Schäfferot, fir iwwert dem CHdN seng Projeten hei am ëffentleche Gemengerot ze diskutéieren." De Buergermeeschter wollt léiwer iwwert de Projet Schlasskéier schwätzen, allerdéngs huet deen näischt mat der Jugendpsychiatrie ze doen. Den Dr. Laurent Kintzelé seet kloer, datt an der Schlasskéier keng Plaz fir esou ee Service virgesinn ass.

Back to Top
CIM LOGO