Et ass de leschte Weekend vun der Schueberfouer: Bis zu zwou Millioune Visiteuren ginn an der Moyenne all Joer op der Fouer gezielt. A wou vill Leit beienee kommen, kann et och mol méi hektesch ginn. Fir dass alles sou gutt a sécher ewéi méiglech ofleeft, ass wéi och schonn déi Jore virdrun een extrat Policekommissariat an der Haaptentrée. Och Patrullen zirkuléieren iwwer de Glacis. D'Marlène Clement huet se um Biergerdag begleet.
D'Fouer kënnt sou lues op en Enn. D'Police zitt bis elo en éischter positive Bilan. Allgemeng wier d'Zuel vun den Asätz um Glacis an de leschten dräi Joer erofgaangen. Wärend der Fouerzäit weisen d'Beamte verstäerkt Präsenz tëscht de Spiller a ginn dobäi och vu Beamten aus den Nopeschlänner Frankräich, Däitschland an der Belsch ënnerstëtzt. Nei ass déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht net. Et géing dobäi virun allem ëm den Austausch goen.
Fest etabléiert ass antëscht och de spezielle Policekommissariat op der Fouer. Präsenz a Preventioun géife wierken, sot den Inspekter vum Kommissariat Bouneweg des Woch um Biergerdag.
"Natierlech ginn et e puer Leit déi béis Absichten hunn an dovunner profitéieren op eng Plaz ze goen, wou vill Leit sinn fir da kënne z.B. Saachen ze klauen mee am grousse Ganze leeft et zimmlech roueg."
Och d'Streidereien a Kläppereien géinge sech bis elo a Grenzen halen. D'Presenz vun der Police wier am deem Sënn éischter preventiv ze verstoen.
"Dat heescht, wann dann eppes geschitt, si mer schonn direkt op der Plaz a kënnen direkt agéieren. A wann d'Leit déi eppes wëlles hunn eis gesinn, dann denken se zwee mol no ier se eppes maachen."
An dat schéngt ze wierken. Op déi lescht dräi Joer gekuckt gëtt et bei den Interventiounen nämlech eng Tendenz no ënnen. Och d'Leit schénge sech net un der Policepresenz ze stéieren, au contraire...