D'Police war séier op der Plaz a konnt och als éischt dräi an dono weider zwou Persounen ermëttelen. Bei dräi vun de Persoune goufe Saache fonnt, déi si an der Schoul geklaut haten. De Parquet gouf informéiert a géint d'Persoune gëtt ermëttelt.