Kéint aus Déifställ stamen Medail fonnt: Police sicht hire Besëtzer

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht de Besëtzer vun enger Medail, déi den 20. Juli bei enger Hausduerchsuchung an engem Hotelszëmmer zu Munneref fonnt a saiséiert gouf.
Et gëtt nom Proprietär vun dëser Medail gesicht iwwer een Opruff an der Press.
Et gëtt nom Proprietär vun dëser Medail gesicht iwwer een Opruff an der Press.
© Police

Et besteet de Verdacht, datt d'Medail aus engem Déifstall staamt. De méigleche Vol gouf eventuell nach net gemellt.

Wie seng Medail erkennt oder Informatiounen iwwer hir Hierkonft huet, ka sech bei der Police Réimech/Munneref ënnert der Nummer 244 77 1000 oder iwwer E-Mail u Police.REMICHMONDORF@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO