UNFPA op Visitt am Grand-DuchéD'Liewe vu 400 Frae konnt gerett ginn duerch d'finanziell Hëllef vu Lëtzebuerg

Fanny Kinsch
D'UNFPA huet aktuell Schwieregkeeten, genuch Hëllefsgelder zesummen ze kréien, nodeems notamment d'USA hir Ënnerstëtzung drastesch gekierzt hunn.
© Fanny Kinsch

Lëtzebuerg steet zum Multilateralismus - dat war de Message en Donneschdeg de Mëtteg op enger Pressekonferenz vum DP-Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel mat der Direktesch vum UNO-Populatiounsfong Diene Keita. Dëse setzt sech an 150 Länner an Territoiren op der Welt fir d'Gesondheet, Accès op Contraceptioun a géint Geschlechter-baséiert Gewalt an.

D'Liewe vu 400 Frae konnt gerett ginn duerch d'finanziell Hëllef vu Lëtzebuerg, sot d'Diene Keita
"Imaginez qu'on a pu sauver la vie de 400 femmes qui auraient pu mourir, simplement parce qu'elles n'ont pas eu accès aux services que nos sages femmes et que nos conseillères donnent dans leur communauté. On a réussi à toucher presque 500.000 personnes sur les questions d'accès aux services de santé sexuelle et reproductif. Et ça, la plupart, c'est des jeunes gens, des jeunes hommes, des jeunes femmes qui veulent poser des questions, qui veulent accéder à certains services pour se protéger et aussi leur permettre d'avoir une vie un peu plus décente."

Mat der Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg hätt ee bal 850.000 Persounen de Choix fir Contraceptioun erméiglecht.

Direktesch vum UNO-Populatiounsfong Diene Keita
Mat der Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg hätt ee bal 850.000 Persounen de Choix fir Contraceptioun erméiglecht.

De Multilateralismus wier a Gefor, d'international Solidaritéit wier net evident, ma et géing drëm goen, ze verhënneren, dass Frae stierwen a Meedercher mutiléiert ginn, esou den DP-Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel virun der Press. "Le Luxembourg continuera d'être un partenaire, le Luxembourg continuera à vous soutenir, à défendre le multilatéisme, à investir aussi dans l'égalité, mais aussi dans les droits."

D'UNFPA huet aktuell Schwieregkeeten, genuch Hëllefsgelder zesummen ze kréien, nodeems notamment d'USA hir Ënnerstëtzung drastesch gekierzt hunn, esou d'Diene Keita.
"On a vraiment un déficit sur le milliard que nous recherchons, de 70 % et le milliard, c 'est parce qu 'on a besoin de 2 milliards. Mais pour l 'humanitaire, on a, là, à cette date, il nous manque vraiment 70 % de cela, et c 'est capital, parce que les gens meurent quand on n 'intervient pas."

All Liewe géing et verdéngen, gerett ze ginn, esou d'Direktesch vun der UNO-Agence. Si huet d'Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg besonnesch och an der Sahel-Regioun gelueft. Am Zesummenhang mat Reformpläng vun de Vereenten Natioune steet am Raum, ob de Populatiounsfong mat der Agence UN Women fusionéiere soll. Et géing awer nach no Alternative gesicht ginn, esou d'Diene Keita.

"Nos états membres, dans le Luxembourg, nous ont demandé de proposer des solutions alternatives, plutôt que de mettre ensemble, à cause des conséquences et des coûts que cela peut générer. Parce que c 'est ça la question. Qu 'est -ce qui est le plus important? Utiliser les ressources pour sauver des vies ou utiliser les ressources pour faire de la bureaucratie administrative?", souwäit d'Direktesch vum UNO-Populatiounsfong Diene Keita bei hirer Visitt am Grand-Duché.

Back to Top
CIM LOGO