Dréchent setzt Europa ënner Drock"D'Bauere sinn déi éischt Affer vum Klimawandel"

Diana Hoffmann
Den EU-Agrarkommissär Christophe Hansen erkläert am Interview, wéi Bréissel reagéiere wëllt – a firwat d'Landwirtschaft fir hien och eng Fro vun der Sécherheet ass.
Dréchent setzt Europa ënner Drock: "Bauere sinn éischt Affer vum Klimawandel"
Den EU-Agrarkommissär Christophe Hansen erkläert am Interview, wéi Bréissel reagéiere wëll a firwat d'Landwirtschaft fir hien och eng Fro vun der Sécherheet ass

Vill Regiounen an Europa hunn d’Dréchent zäitgläich ze spiere kritt. Ënner anerem Frankräich, Süddäitschland, Éisträich, Tschechien, Ungarn, Norditalien an och d'Beneluxlänner ware staark betraff. "Dat, wat d'Bauere beonrouegt, ass d'Quantitéit vun deem, wat produzéiert gëtt. Dat impaktéiert direkt hire Revenu", seet den EU-Agrarkommissär Christophe Hansen no engem Austausch mat Baueren- a Secteursvertrieder aus ganz Europa.

Besonnesch Summerkulture wéi Mais, Soja, Gromperen, Summerweess oder Summergeescht hätten ënnert der Dréchent gelidden. Fir vill Betriber, déi Béischten halen, wier awer net emol d'Kärerecolte de gréisste Problem. Vill méi dramatesch wier de Fuddermanktem. "Mir gesi ganz vill Baueren, déi elo schonn d'Reserven, déi se fir de Wanter ugeluecht haten, musse benotzen, fir de Véibestand iwwert d'Ronnen ze kréien", esou den Agrarkommissär. Verschidde Betriber géifen hire Véibestand esouguer reduzéieren, well Fudder feelt an d'Käschten ëmmer weider erop géinge goen.

"D'Bauere sinn déi éischt Affer vum Klimawandel", betount de Christophe Hansen. Kuerzfristeg wëllt d'EU de Betriber dofir Loft verschafen. Dat andeems Broochfläche kënnen, ënner bestëmmte Konditiounen, fir Fudder genotzt ginn. Och wann d'Baueren duerch d'Dréchent verschidden Oplagen net kënnen erfëllen, solle si hir EU-Hëllefen net verléieren. De Christophe Hansen betount awer, datt dës Mesuren eleng net géingen duergoen. Nieft anere Kulture missten och zum Beispill Agrarpraktike genotzt ginn, déi et erlaben, Waasser besser am Buedem ze späicheren.

Réckgang vum Véibestand entgéintwierken

En anere Punkt ass de Réckgang vum Véibestand an Europa. De Christophe Hansen warnt, datt domat och Grasland kéint verluer goen. Dobäi kéint dat Reewaasser besser späicheren, géing géint Erosioun schützen an hëllefen, organeschen Dünger besser opzehuelen. Dofir misst d'EU eng besser Balance tëscht Ëmweltschutz an dem Erhalt vum Grasland fannen.

En anere Schwaachpunkt gesäit de Christophe Hansen bei de Versécherungen. Am EU-Duerchschnëtt wiere manner wéi 20 Prozent vun de landwirtschaftleche Fläche géint Schied, wéi eben extrem Dréchent, ofgeséchert. Zu Lëtzebuerg léich dee Prozentsaz mat ronn 43 Prozent awer däitlech méi héich. D'Kommissioun schafft dofir zesumme mat der Europäescher Investitiounsbank un engem System, deen esou Versécherunge méi einfach a méi bezuelbar maache soll.

Aktuell géing awer och, onofhängeg vun der Dréchent, d'Liquiditéit vun de Betriber e Problem bleiwen. Héich Energie- an Düngemëttelpräisser géingen d'Baueren zousätzlech ënner Drock setzen. Dofir wëllt d’EU verschidde Montante méi fréi ausbezuelen an d'Reegele méi flexibel uwenden, wann d'Baueren duerch d'Dréchent verschidden Oplagen net kënnen erfëllen.

D’Wichtegkeet vu Liewensmëttelsécherheet

Fir den Agrarkommissär geet d'Debatt awer nach méi wäit wéi d'Dréchent eleng. Pandemie, de Krich an der Ukrain an aner international Krisen hätte gewisen, wéi empfindlech d'Liewensmëttelversuergung ka sinn. "Wa mer iwwert d'Sécherheet schwätzen, ouni iwwert d'Liewensmëttelsécherheet ze schwätzen, dann decke mer nëmmen d'Hallschent vum Krichsfeld of", seet hien. Dobäi plädéiert hien net fir eng komplett Autarkie. Europa wäert och weiderhi Produite wéi Kaffi, Schockela oder Banannen importéieren. Mee d'EU soll genuch selwer produzéieren, fir a Krisenzäiten net ze staark vun anere Länner ofhängeg ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO