Invité vun der Redaktioun (4. September)Georges Clees, Kommunikatiounsbeoptraagte bei der Patientevertriedung

Claude Zeimetz
E Freideg de Moien ass d'Santésreform Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Vun November u ginn d’Tariffer an d’Remboursementer am Gesondheetswiesen per Reglementer gereegelt. AMMD a CNS si sech jo bekanntlech net iwwert eng nei Konventioun eens ginn an et gesäit net duerno aus, wéi wann de Sträit kuerzfristeg deblockéiert kéint ginn.

Vun alle Säite gëtt betount, datt fir de Patient direkt näischt ännert. Mä wat seet d’Patientevertriedung zu der verfuerener Situatioun? Wéi kënnen déi verschidden Acteuren nees zesummefannen, fir déi néideg Reformen an der Santé gemeinsam unzegoen? A wou gesäit d’Patientevertriedung Spuerpotential, fir datt de Budget vun der CNS net weider aus dem Rudder leeft? Dat alles diskutéiere mer mam Georges Clees, Kommunikatiounsbeoptragte bei der Patientevertriedung. Hien ass um 8 Auer eisen “Invité vun der Redaktioun”

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO