
Zweemol hu Rettungsekippe wéinst accidentéierten Autoen, déi allkéiers an engem Gruef gelant sinn, ausrécken. Eemol kuerz viru 17 Auer op der N12 tëschent dem Rollengergronn an dem Briddel an nach emol kuerz no Hallefnuecht op der N14 tëschent Grolënster a Beidler. Bei béiden Accidenter gouf et jeeweils ee Blesséierten. Op der N12 waren d'Secouristen aus der Stad a vu Mamer am Asaz, op der N14 déi vu Jonglënster an aus der Fiels.
Fir d'Lënster a Fielsser Rettungsleit gouf et géint 19:10 Auer dann nach en Asaz zu Buerglënster an der Lënster Strooss: Hei hat et an enger Kiche gebrannt, eng Persoun gouf blesséiert.