Dräi Leit hunn am Accident hiert Liewe gelooss. D’Hallschent vum 300 Meter héije Pylon ass ofgebrach an op d’Déngschthaus vun engem RTL-Techniker gefall. Dee war deen Ament grad amgaangen, mat senger Famill zu Mëtteg ze iessen. Fir d’Koppel a fir de Pilot vum Fliger kënnt all Hëllef ze spéit.
Op enger Wiss nieft der Antenn hu sech am Moment vum Accident eng ganz Rei Kanner opgehalen, déi Zeie vum Ongléck goufen. De Jerry Klein, deemools 9 Joer al, erënnert sech an der Emissioun "Hashtag History" un dee schlëmmen Dag. De Christian Flammang war als Pompjee op der Onglécksplaz, an huet eis d'Evenementer aus senger Vue erzielt.