RéckruffKornischonge vun der Mark Everyday kéinte Glas enthalen
De Colruyt rifft wéinst méigleche Glasstécker d'Kornischonge (670g) vun der Mark Everyday zeréck. D'Glas kéint zu Blessure féieren.
Verëffentlecht: 31.12.20 15:54, Update: 11.12.25 15:28
Betraff sinn d'Cornichons aigre-doux (670g) vun der Mark Everyday mam Halbarkeetsdatum 21/07/2022; 22/07/2022; 23/07/2022.
De Produit ass am Colruyt zu Lëtzebuerg verkaaft ginn.
PDF: Schreiwes vun der Liewensmëttelsécherheet