De Weekend stoung politesch am Zeeche vun de Kongresser vum Nowuess vun zwou vun de gréisste Parteien am Land.
Um Kongress vun de Jongsozialiste sinn d'Lisa Kersch an den Amir Vesali als nei Duebelspëtzt als Präsidentin a Präsident gewielt ginn. Generalsekretär gëtt den Elisha Winckel, deen 100% vun de Jongsozialisten hannert sech brénge konnt.