Rekonstruktioun vun AccidentLonkescher Strooss zu Bartreng bis 13 Auer zou
Vun 8 bis 13 Auer ass e Méindeg en Deel vun der N5 (op der Héicht vum ACL) a béide Richtunge fir de Verkéier gespaart.
Verëffentlecht: 06.12.21 09:17, Update: 10.12.25 14:17
Am Kader vun enger Enquête vun der Police judiciaire iwwert en déidlechen Accident muss d'Strooss fir 5 Stonnen zougemaach ginn.
Eng 59 Joer al Fra gouf am Oktober vun engem Camion erfaasst. Fir d'Fra koum all Hëllef ze spéit.